BIOGAS-ANLAG Gonnereng

Hei fannt dir eng Publikatioun vun der CSV an LSAP Fraktioun am Gemengerot iwwert déi geplangten Biogas Anlag bei Gonnereng. Dëst ass eng Kloerstellung vun der DP hirer Spezialnummer Gonnereng an enthält domat eng ganz Rei vun Informatiounen.  Biogasanlage Gonderingen  (PDF Fichier)

Fir är Basis Informatioun: D’Biogas Anlag bei Gonnereng baséiert op dem Prinzip vun enger Emwandlung vu Mëscht, Gülle sonstech biologesch Offäll (also och Grengschnett vu Privatleit) an och deelweis Energieplanzen (Sonneblummen a Mais) zu engem organesch wäertvollen Dünger iwwert Produktioun vun Gas. Dëse Gas gëtt benotzt fir Stroum an Ofwärm ze produzéieren. De Stroum gëtt an de Reseau vun der Enovos agespeist an d’Ofwärm gëtt benotzt fir iwwert de Medium Waasser vir un allem an enger éischter Phase ‘Laangwiss’ mat Hëtzes zu versuergen. Fir ze all Moment kennen Energie ze produzéieren gëtt als zweet Standbeen och eng Holzhack Schnëtzel Anlag dobäi gebaut, esou dat d’Produktioun zu all Moment gesechert ass an och Verbrauchsspetzen kennen ofgedeckt ginn. Als drëtt an Reserve Standbeen gëtt och eng kleng  Mazout Anlag ageplangt fir am Fall vun enger gréisserer Pann operatiounnel kennen ze bleiwen.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)