Fotovoltaik Anlagen zu Jonglënster – Projet EquiSolar2012

De Projet fir eng gemeinschaftlech Fotovoltaik Anlag vun a fir d’Bierger aus der Gemeng Jonglënster opzeriichten ass an der leschter ‘ligne droite’. Effektiv sinn all d’Moduler op den Diech vun der Gonnerenger Schoul a vum neien Dépôt communal zu Jonglënster opgeriicht. Elo gëtt nach just un der Technik geschafft an bis Enn November misst alles komplett fäerdeg sinn. Dono muss nach CREOS d’Uschlëss maachen an da ka Stroum produzéiert ginn.

Aktuell hunn 133 Awunner aus der Gemeng aktiv sech um Projet bedeelegt a si Member an der coopérative ‘EquiEnerCoop’ ginn an hunn duerch hiren Investment des Anlage méiglech gemat. De ganze Projet ass jo an 325 Tranchë vu jee 1.000 € opgedeelt an aktuell sinn bal 300 dovunner souscrivéiert. De Conseil d’Administratioun vun EquiEnerCoop gëtt dofir nach den Awunner aus der Gemeng bis de 15.12.2013 d’Méiglechkeet och de klenge Rescht vun den Tranchen ze souscrivéieren. Avis aux Amateurs……

All néideg Informatiounen an Dokumenter, an och Foto’en vun den Anlagen, fannt dir op dem Site :

http://www.equienercoop.lu/

Wann soss nach Froe sinn, zeckt net Iech ze mellen entweder iwwert E-mail  junglinster@csv.lu  oder um Telefon 691 78 84 69 (BODEN Jean)

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)