MIR KOMME BEI IECH!

Am Kader vun de Gemengewale stellt d’CSV Jonglënster eng nei Initiativ vir. Mir proposéieren eng participativ Approche hei fir dat jidderee soll d’Méiglechkeet kréie seng Iddien a Propositiounen ons matzedeelen. Déi fléissen da mat an eist Konzept fir onse Walprogramm. Mir maachen hei an dësem Kader eng Rei Trëppeltier an och 3 zentral Versammlungen.
Den Detail fannt dir hei am Flyer, deen och an all Haushalt an der Gemeng ausgedeelt gëtt. Wie wëll, kann och ons online Enquête matmaachen iwwert de link: https://maachmat.csv.lu Iwwert dëse Wee ka jiddereen da seng Uertschaft auswielen an ons seng Meenung a Propositiounen zoukomme loossen.
Mir freeën eis op äre Feedback.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)