Haut Mëttwoch, den 15. Februar um 19.00 Auer, huet d’CSV Jonglënster seng Assemblée Générale am Giele Sall (Centre polyvalent Gaston Stein). Hei stelle mir och ons Kandidate fir ‘Gemengewalen 2017’ vir.

Haut Mëttwoch, den 15. Februar um 19.00 Auer, huet d’CSV Jonglënster seng Assemblée Générale am Giele Sall (Centre polyvalent Gaston Stein). Hei stelle mir och ons Kandidate fir ‘Gemengewalen 2017’ vir.
Onsen traditionnellen ‘Kéisowend’ ass den 30 Januar 2016. D’Invitatioun geet ugangs Januar raus.
Wou: zu Guedber an der aaler Schoul
Den “Op de Punkt” vun eiser Sektioun ass färdeg, a wäert un all d’Stéit vun der Gemeng Jonglënster verdeelt ginn.
Niewt Informatiounen iwwert an aus onser Gemeng, fannt dir eng Präsentatioun vun onsem neuen Member am Gemengerot, dem Tessy Schlesser-Theis, an och een Artikel vum Françoise Hetto-Gaasch iwwert déi aktuell Situatioun betreffend den CR119 – Kuckt bis eran – “online” !
Vum Françoise HETTO
Vum Léo Gloden an Octavie Modert
Dee leschte Samschdeg hunn d’CSV Kandidate fir d’Wahle vum EU Parlament Statioun zu Jonglënster gemaach. An dat am Kader vun hirer Tournée duerch den Oste vum Land. Virum Centre culturel ‘Am Duerf’ war fir dësen Dag d’Ofschlossmanifestatioun.
Bei herrlechem Fréijoerswieder hu sech d’Kandidaten eenzel virgestallt an dono mat de Leit de Kontakt gesicht an iwwert Europa diskutéiert.
Dëst wor e flotten a sympatheschen awer och informative Meeting.
Fir d’Wahle vum Europa-Parlament 2014 ass och d’CSV Jonglënster am Asaz.
Samschdeg, de 17. Mee ass dofir och am Centre Culturel ‘Am Duerf’ d’Ofschlossmanifestatioun vum Bus-Tour duerch den Osten mat den CSV Kandidaten. Kommt a léiert se kennen, diskutéiert mat hinnen.
Mir géifen ons freeën.
Hei och e puer Fotoen.
Hei fannt dir den neisten Op de Punkt (03/2014) vun der CSV Jonglënster. Mat interessanten Informatiounen iwwert nei Projeten an de Stand vun aktuelle Projeten.
Un centre attractif pour Junglinster (fichier PDF)
CSJ Junglinster – Nous voulons davantage ! (fichier PDF)
PARKING Junglinster (fichier PDF)
CIMETIERE Junglinster (fichier PDF)
Hei fannt dir onsen éischte Flyer fir 2014 mat e puer interessante Projeten fir ons Gemeng.
De Projet fir eng gemeinschaftlech Fotovoltaik Anlag vun a fir d’Bierger aus der Gemeng Jonglënster opzeriichten ass an der leschter ‘ligne droite’. Effektiv sinn all d’Moduler op den Diech vun der Gonnerenger Schoul a vum neien Dépôt communal zu Jonglënster opgeriicht. Elo gëtt nach just un der Technik geschafft an bis Enn November misst alles komplett fäerdeg sinn. Dono muss nach CREOS d’Uschlëss maachen an da ka Stroum produzéiert ginn.
Aktuell hunn 133 Awunner aus der Gemeng aktiv sech um Projet bedeelegt a si Member an der coopérative ‘EquiEnerCoop’ ginn an hunn duerch hiren Investment des Anlage méiglech gemat. De ganze Projet ass jo an 325 Tranchë vu jee 1.000 € opgedeelt an aktuell sinn bal 300 dovunner souscrivéiert. De Conseil d’Administratioun vun EquiEnerCoop gëtt dofir nach den Awunner aus der Gemeng bis de 15.12.2013 d’Méiglechkeet och de klenge Rescht vun den Tranchen ze souscrivéieren. Avis aux Amateurs……
All néideg Informatiounen an Dokumenter, an och Foto’en vun den Anlagen, fannt dir op dem Site :
Wann soss nach Froe sinn, zeckt net Iech ze mellen entweder iwwert E-mail junglinster@csv.lu oder um Telefon 691 78 84 69 (BODEN Jean)