Hei fannt dir onsen éischte Flyer fir 2014 mat e puer interessante Projeten fir ons Gemeng. Flyer CSV 01_2014 (fichier PDF)
Non classé
Fotovoltaik Anlagen zu Jonglënster – Projet EquiSolar2012
De Projet fir eng gemeinschaftlech Fotovoltaik Anlag vun a fir d’Bierger aus der Gemeng Jonglënster opzeriichten ass an der leschter ‘ligne droite’. Effektiv sinn all d’Moduler op den Diech vun der Gonnerenger Schoul a vum neien Dépôt communal zu Jonglënster opgeriicht. Elo gëtt nach just un der Technik geschafft an bis Enn November misst alles komplett fäerdeg sinn. Dono muss nach CREOS ...
Informationsversammlung iwwert ‘Demandeurs de protection International’ zu Jonglënster
Datum: 15.11.2012 Centre polyvalent Gaston Stein Presentatioun: Jonglënster Schäfferot an 3 Vertrieder vum Familljeministère (OLAI) Präsent woren +- 100 Leit No der Begréissung vun der Buergermeeschtesch Francine Colling-Kahn, goufen d’Leit opgefuerdert direkt hier verschidde Froen ze stellen, déi se am Kontext vun der geplangter Ënnerbréngung vu 35-40 Flüchtlingen hunn. Verschidde Leit hunn dann direkt gefrot, ...
GEMEINSCHAFTLECH SOLARANLAG AN DER GEMENG JONGLËNSTER
Fir de Projet vun der éischter ‘Bierger Solaranlag’ ze presentéieren ass den 9. Juli um 19.30 Auer eng grouss Info-Versammlung am Centre Culturel ‘Am Duerf’ betreffend dëse Projet. Weider Informatioune fannt dir am Depliant deen hei rattachéiert ass. Kommt an informéiert Iech, et lount sech. Depliant: Flyer-PV-Infoversammlung pdf fichier
D’CSV Jonglënster seet MERCI
E grousse MERCI fir all ons Wieler. Mir wäerten ons beméien déi an ons gesaatenen Erwaardunge gerecht ze ginn. Merci fir äert Vertrauen a mir verspriechen ons bescht ze maache fir d’Gemeng Jonglënster an domatte fir ons all.
Mir bréngen et nees op de Punkt !
An deenen nächsten Deeg verdeele mir ons lescht Publikatioun virun de Gemengewahlen, den neien OP DE PUNKT. Hei presentéieren sech all d’CSV Kandidate fir d’Gemengewahle mat enger méi perséinlecher Virstellung. Wann dir se wellt besser kenneléiere, kommt op eng vun onse Wahlversammlungen. All Detailler dozou fannt dir hei am OP DE PUNKT an och hei op onsem Site Mir fréien ons drop fir mat Iech ze ...
CSV – Op de Punkt Jonglënster 2011
D’CSV Jonglënster bréngt et op de Punkt! Hei fannt dir déi neisten Ausgab (Abrëll 2011) vum CSV Op de Punkt mat all den Artikelen betreffend Jonglënster. Mat enger Präsentatioun vun all de CSV-Kandidate fir d’Gemengewahlen vum 09. Oktober 2011, mat Aktivitéite vun der CSJ Jonglënster, an der Aarbecht vun der CSV-Fraktioun am Gemengerot. Fichier: Op de Punkt Abrëll 2011 (format PDF)
CSV Jonglënster – Ausfluch
Nei ! -> Artikel op mywort.lu mat Fotoën vun der Visite Wéi all Jor hu mir rëm ons mëttlerweil traditionell Sortie, a lueden iech heimat häerzlechst op onsen Ausfluch an. Mir besichen d’Ausstellung “d’Gëlle Fra” zu Käerjeng, an ginn duerno zesummen iessen. Den Datum ass Samschdeg, de 15. Januar 2011. Rendez-vous ass um 9.30 Auer zu Jonglënster op der Gare. Hei fannt dir all ...
Kalënster – Wat ass lass an der Gemeng
All Mount bréngt d’Gemeng e Kalenner eraus – de Kalënster. -> Mount Mee 2011 Weider Informatiounen iwwer d’Aktivitéiten an der Gemeng, fannt Dir um Manifestatiounskalenner. All Publikatiounen zu dem Thema, op dem Internet-Site vun der Gemeng.
Fotoen vum Kéisowend 2010 zu Beidler
Wéi all Jor huet CSV Sektioun Jonglënster erëm säi Kéisowend zu Beidler am Veräinsbau organiséiert. Bei engem gudde Patt, ville verschiddene Kéiszorten, engem gudden Hamenteller an Zalot enger super Tombola a gudder Stemmung hu mir ee gemittlechen Owend verbruecht. Hei sinn e puer Fotoen: