Mir komme bei Iech – Info-Versammlung zu Jonglënster

21.06.2017 18:00

Centre Culturel Am Duerf

Org.: CSV Jonglënster

Am Kader vun de Gemengewale stellt d’CSV Jonglënster eng nei Initiativ vir. Mir proposéieren eng participativ Approche hei fir dat jidderee soll d’Méiglechkeet kréie seng Iddien a Propositiounen ons matzedeelen. Déi fléissen da mat an eist Konzept fir onse Walprogramm. Mir maachen hei an dësem Kader eng Rei Trëppeltier an och 3 zentral Versammlungen. Den Detail fannt dir am Flyer, deen och an all Haushalt an der Gemeng ausgedeelt gëtt. Wie wëll, kann och ons online Enquête matmaachen iwwert de link: www.maachmat.csv.lu Iwwert dëse Wee ka jiddereen da seng Uertschaft auswielen an ons seng Meenung a Propositiounen zoukomme loossen. Mir freeën eis op äre Feedback.