Dëse Mëttwoch huet d’Generalversammlung vun onser Sektioun an der Buvette op Fréinen stattfonnt.
Mat ronn 50 Memberen hu mir op d’Joer 2025 zeréck gekuckt a gläichzäiteg de Bléck op déi zukünfteg Jore geworf.
Niewent dem offiziellen Deel an der Éierung vu laangjärege Member huet den Deputéierten a Bezierkspresident Ricardo Marques eis seng Vue zu der zukünfteger Ausriichtung vun eiser Partei duergeluecht.
Duerno hu mir den Owend bei engem Patt, an engem gudde Maufel vum Atelier protégé “op der Schock” vu Réiden ausklénge gelooss.
Kuckt hei déi ganz Fotogallerie: