Skip to content

CSV, CSF, CSJ – Osten Bezierkskongress

👉 Gelongene Bezierkskongress vun der CSV Osten, ënnert der Leedung vun der Kongresspresidentin Françoise Hetto-Gaasch, zu Ruedt-Syr.

🤝 4 Leit aus eiser Sektioun wäerten am Bezierkscomité vertruede sinn: de Jean Boden, d’ Mireille Hinkel-Tadaszak, den Tom Weber an de Mich Weber. Ausserdeem wäert d’ Mireille Hinkel-Tadaszak d’CSF Osten präsidéiere wärend de Mich Weber d’Sekretariat vun der CSJ-Osten weiderféiert.

👏 Mir felicitéieren häerzlech dem Ricardo Marques fir seng Confirmatioun als Bezierkspresident. 98 % vun de Memberen hunn him hiert Vertrauen ausgeschwat.

👉 Grousse Merci un de Premierminister Luc Frieden, den Inneminister Léon Gloden, an den Deputéierte Laurent Zeimet, Alex Donnersbach, Octavie Moderta Stéphanie Weydert fir hir interessant a motivéierend Rieden. Merci och dem Chamberspresident Claude Wiseler an dem Aarbechtsminister Marc Spautz fir hier Präsens.

Beitrag teilen