Skip to content

déi nei héichspannungsleitung

Als CSV Gemeng Jonglënster stinn mir weiderhin zu 100% hannert dem Avis vum Gemengerot aus dem Dezember 2022. Hei huet dësen kloer Positioun bezunn zu deene verschiddene Varianten déi duerch d’Gemeng Jonglënster kéinte goen:

“Die Gemeinde Junglinster bekräftigt nochmais ihre Absicht der beiden vorhergehenden Stellungnahmen, dass die Leitung so weit entfernt wie nur moglich von den Ortschaften errichtet wird”

Fir d’Gemeng Jonglënster kënnt esou just eng Variant a Fro:

“Die Gemeinde Junglinster akzeptiert ausschließlich die Variante Imbringen — Blaschette Nord in Verbindung mit der Umspannanlage auf dem Plateau in Bofferdingen”.

Fir d’CSV Jonglënster muss de Schutz vum Mënsch a besonnesch deene vulnerabelsten, de Kanner, ganz kloer am Virdergrond stoen. Déi zoustänneg Ministèren an d’CREOS mussen fir eis hei ganz kloer de “principe de précaution” uwenden.

D’Äntwerten op dës question parlementaire vun der CSV, an deene ville Froen vun den Awunner aus der Gemeng Jonglënster sinn absolut virrangeg fir eis Biergerinnen a Bierger!

Mir bleiwen drun!

Hei fannt dir d’Question parlemenataire vun eisen dräi Ostdéputéiert.

Beitrag deelen