Skip to content

Wéi soll den Zentrum vu Jonglënster ausgesinn ?

1) Keng weider Versigelung am Zentrum vu Jonglënster

Am Artikel am Lëtzebuerger Wort vu gëschter huet eise Buergemeeschter Romain Reitz erkläert, dass d’Parkhaus bei der Loupescht net méi zur Diskussioun steet. Mat der eemoleger Geleeënheet déi sech der Gemeng mam Kaf vum Haus mat dem Park op dëser Plaz gebueden huet ass hei eng nei Situatioun entstanen. Och wa Parkraum muss geschaaft ginn, schwätze mir eis géint eng weider Versigelung am Zentrum aus. Den Terrain vum Haus “Rischette” mat den ale Beem soll fir eis als weider Gréngfläch am Zentrum an ee Gesamtkonzept integréiert ginn.

Wéi am Artikel erkläert wiere laut Reglementatioun ronn 250 Parkplaze néideg fir déi nei Infrastrukturen, déi am Zentrum vun der Gemeng entstinn. Dass dës net all kënnen am Zentrum gebaut ginn ass fir eis kloer.

2) Een Deel vum Gesamtkonzept fir den Zentrum vu Jonglënster

Dësen Zentrum gëtt aktuell an enger “Masterplang” Étude ënnersicht, déi am Fréijoer fäerdeg soll sinn. Hei gëtt d’Areal vun der Prefalux bis bei d’Gemeng, mat Verkéiers- a Parkraumkonzept gekuckt. Mam Réckbau vun der N11 an der neier Plaz déi op der aktueller Busgare entstoe wäert, soll den Zentrum vu Jonglënster verkéiersberouegt ginn a fir eis muss hei op Basis vun dëser Étude ee Gesamtkonzept opgestallt ginn mat:

– méi mobilité douce,

– enger besserer Notzung vum bestoende Parkraum,

– enger intelligenter a sécherer Verkéiersféierung an

– gréissere Gréngflächen fir d’Bierger (Park an Terrain vum Haus Rischette)

3) Fir eng Vergréisserung vum Parking “Op Fréinen”

Fir d’CSV Jonglënster soll de Parking “Op Fréinen” mat enger zousätzlecher Etage vergréissert ginn: mat der Navette déi deemnächst mat Elektrobussen assuréiert gëtt, kann esou an eisen Aen genuch Parkraum geschaaft ginn, ouni nei Verkéiersproblemer am Zentrum ze verursaachen.

Beitrag deelen